Aller au contenu

Steekaul

An Zesummenaarbecht mat der Forstverwaltung fueren mir mat den Kanner vun 2-4 Joer an d’Naturreservat “Schoofsbësch“ zu Bettenduerf. All zwou Wochen fiert eng Grupp vun +/- 8 Kanner moies mam Trakter „den Steekaul-Express“ an den Schoofsbësch. Dësen steet hinnen net nëmmen mat senger eenzegaarteger Flora an Fauna zur Verfügung mee och mat enger Feierplaz, sanitären Ariichtungen an een gehëtzten Raum.
Wann d’ Kanner an der Steekaul ukomm sënn, loossen sie sech vun der Spontanitéit inspiréieren, zum Beispill Blieder sammelen, am Bulli spillen, no Insekten sichen. D’ Kanner dierfen entdecken, fuerschen, sech frei bewegen an sech och mol dreckeg maachen.
Begleet ginn d’ Kanner dobäi vun engem Erzéiher an vun engem Bëschaarbechter, dësen kennt sech am Beschten do aus, an weess wou een mat den Kanner hin goen kann fir bestëmmten Saachen ze entdecken.
Während dem Moien wou d’ Kanner an der Steekaul sinn, frühstücken sie och do fir sech ze stäerken.
Am Virdergrond vun dësem Projet steet Stäerkung vun der kierperlecher an mentaler Gesondheet bei den Kanner. D’ Kanner léieren Natur an hiren Kierper kennen.

Autres projets

Fairtrade an eng gesond Ernärung
Ma santé

Fairtrade an eng gesond Ernärung

Projet: Fairtrade & gesond Ernährung – In den zwei Wochen kommen externe Experten von Fairtrade.lu, die verschiedene Workshops für Cycle 3-4 (Anzahl 15K., Alter...

Voir le projet
Collatioun am Kannerrestaurant
Ma santé

Collatioun am Kannerrestaurant

Déi Kanner aus dem zweete Schouljoer (Cycle2) déi beim Projet matmaachen wollte konnten sech fräiwëlleg mellen. D’Zilgrupp vum Projet bestoung um Enn aus 8...

Voir le projet
Die Autopsie des Hans Hänschen
Ma santé

Die Autopsie des Hans Hänschen

Die Autopsie des Hans Hänschen In diesem ambitionierten Projekt entschied sich Hans Hänschens Team dazu, ein lebensgroßes Skelett zu erschaffen und ihm den liebevollen...

Voir le projet

Contactez nous !

Vous avez des questions relatives à votre candidature ou souhaitez avoir plus de précisions sur le choix de l’équipe ou de la catégorie de votre projet, alors n’hésitez pas à nous contacter par mail :