Aller au contenu

Projet Bësch

Enn vum Joer 2022 hu mir ee Projet Bësch mat deenen 3 Jardinsgruppen aus eisem Haus gestart. (Kanner vun 2-4 Joer). Mir si säitdem ëmmer Dënschdes Moies mat Kanner aus deenen dräi Gruppe gemëscht an de Bësch gefuer. Fir all Sortie hu mir Kanner vum nämmlechten Alter mat geholl, esou dass mir eis Aktivitéiten op den Alter vun de Kanner ofstëmmen konnten. Wei zum Beispill, sinn déi kleng Kanner déi fir éischt an Bësch mat eis gaangen sinn, emol fir éischt den Bësch entdecken gaang. Oflaf vun engem Moien am Bësch: Mir goungen an ee Bësch den mir gutt kënnen, an wou mir Plazen haten fir ze Pick-nicken an den Moieskrees ze maachen. Des Plazen waren schonn amenagéiert, hei sinn Beemstämm an engem Krees opgestallt, wou d’Kanner sech kënnen drop setzen. Wann mir ukomm sinn, sinn mir ëmmer bis op eis Pick-nickplaatz getrëppelt, an hunn eppes giess an gedronk. Duerno hunn mir ëmmer een Moieskrees gemaacht, bei dem mir eis Moien soen, an dann Lidder zum Thema Bësch, Bëschdéieren, Joreszäiten, asw. sangen. Heiansdo hu mir och eng Geschicht zum Thema Bësch mat de Kanner gelies. Nom Moieskrees hu mir mat de Kanner verschidden Aktivitéiten zum Thema Bësch mat de Kanner gemaacht. Mir hu Aktivitéiten gemaach, déi bei déi verschidden Joreszäiten passen, déi op Thema Déieren am Bësch passen an mir maachen motoresch Aktivitéiten an och Bastelaktivitéiten mat Naturmaterialien. Géint 11h15 maachen mir eis op den Wee fir zréck an den Foyer fir dass mir um 12h zeréck si fir d ‘Iessen. Am ganzen hunn 48 Kanner am Roulement zu 16 jeeweils deelgeholl.

Beispiller vun Aktivitéiten:
• Mir entdecken de Bësch (Fräi d’Kanner entdecken loossen)
• Schatzsuche am Bësch
• Naturmandalaen
• Mir ginn Kaweechelcher an d ‘Kéisécker fidderen (am Hierscht, virum Wanterschloff)
• Mir bastelen Deko fir an Blummendëppen (Mat Naturmaterialien aus dem Bësch)
• Mir bastelen Fudderstatiounen fir d’Villercher (am Wanter fir den Villercher bei der Fuddersich ze hëllefen)
• Trëppeltier
• De Bësch am Schnéi entdecken
• Naturmaterialien sammelen fir am Foyer ze bastelen
• Ee Moien am Bësch mat den Elteren

Grënn fir dësen Projet:
– Mir fannen et wichteg, dass eis Kanner mat der Natur an Kontakt kommen, an och eis Natur an deenen verschiddenen Joreszäiten kennen léieren.
– Mir wëllen all den Kanner am Foyer erméiglechen den Bësch kennen ze léieren, och fir déi Kanner, déi vun Doheem aus manner an de Bësch gi.
– Et ass eis opgefall, dass vill Kanner sech am Bësch, gutt ameséieren an interesséiert sinn un den Aktivitéiten an sech och gutt mat Naturmaterialien beschäftegt kréien, an esou net virgesaten Spillsaachen hunn. Esou léieren Kanner och sech mat aneren Saachen beschäftegen.
– Am Bësch geet och d’Motorik anescht vun den Kanner gefördert.

Autres projets

Fairtrade an eng gesond Ernärung
Ma santé

Fairtrade an eng gesond Ernärung

Projet: Fairtrade & gesond Ernährung – In den zwei Wochen kommen externe Experten von Fairtrade.lu, die verschiedene Workshops für Cycle 3-4 (Anzahl 15K., Alter...

Voir le projet
Collatioun am Kannerrestaurant
Ma santé

Collatioun am Kannerrestaurant

Déi Kanner aus dem zweete Schouljoer (Cycle2) déi beim Projet matmaachen wollte konnten sech fräiwëlleg mellen. D’Zilgrupp vum Projet bestoung um Enn aus 8...

Voir le projet
Die Autopsie des Hans Hänschen
Ma santé

Die Autopsie des Hans Hänschen

Die Autopsie des Hans Hänschen In diesem ambitionierten Projekt entschied sich Hans Hänschens Team dazu, ein lebensgroßes Skelett zu erschaffen und ihm den liebevollen...

Voir le projet

Contactez nous !

Vous avez des questions relatives à votre candidature ou souhaitez avoir plus de précisions sur le choix de l’équipe ou de la catégorie de votre projet, alors n’hésitez pas à nous contacter par mail :