Natur an Déierewelt kenne léieren a respektéieren
Zënter 12 Joer besteet eis Crèche, a vun Ufank aus un, war et eis ëmmer wichteg, de Kanner Natur an Déierewelt méi no ze bréngen, a vu Klengem aus u sollen se léiere respektvoll mat der Natur an den Déieren ëmzegoen. Dowéinst ënnerhuele mer reegelméisseg Ausflig mat de Kanner, wou se a Kontakt mat der Natur an den Déiere kommen. Insgesamt hunn 12 Kanner am Alter vun 2-4 Joer mat gemaach. Eis zwee lëscht grouss Ausflig waren: 1) den Naturmusée an der Staat 2) den Déierepark zu Esch um Gaalgebierg Mat der Visitt vum Naturmusée, war et eis wichteg, dass Kanner Geschicht vun der Natur an der Déierewelt kenne léieren. Mat grousser Begeeschterung hunn se Ausstellung bewonnert a ware faszinéiert vun deene verschiddenen Déieren, déi se esou nach ni gesinn hunn. En anere positive Punkt vun der Visitt ass natierlech och de Plurilinguismus, well duerch hier Bewonnerung, hunn se natierlech och vill geschwat a lauter Froe gestallt, an esou mat vill nei Wieder a verschidde Sprooche kenne geléiert. Eis zweet Visitt war an den Déierepark zu Esch. Dëst ass natierlech immens flott fir Kanner, well hei kennen se souwuel lieweg Déiere gesinn an des Déieren dann och fidderen. Desweideren kënnen si op de verschidde Statioune spilleresch eppes léieren, déi ugebuede Saache manipuléieren (dëst fërdert Motorik) an op de verschidde Spiller sech austoben. Och hei spillt de Plurilinguismus nees indirekt eng grouss Roll, well duerch Rollespiller, schwätze Kanner nees ganz vill ënnert sech, an och mat den Erzéierinnen, esou dass si do nees vill nei Wieder héieren a kenne léieren. No esou Visitten, komme Kanner ëmmer mat groussen Input a voller Begeeschterung zeréck a Crèche an erzielen dann Owes voller Freed hiren Elteren, wat si alles erlieft hunn. Mee net nëmmen esou grouss Ausflig si wichteg fir Kanner, mee och dat alldeeglecht. Dofir gi mer reegelméisseg mat de Kanner eraus an Natur trëppelen, wou se ëmmer nees nei Planzen an Déiere kenneléieren, well egal wei oft een an de Bësch oder op eng Wiss geet, et geséit een ëmmer erëm eppes Neies. An der Crèche sëlwer hu mer en Deckelsmoukengeheg, wou mer 4 Landschildkröten dra wunnen hunn, déi Kanner och ëmmer kenne kucke goen, oder mat fiddere kenne goen. Eenzegen Nodeel vun de Landschildkröten ass… am Wanter maachen se wärend ongeféier 4-5 Méint Wanterschlof 🙂 Mee dofir freeë Kanner sech ëmsou méi wann se am Fréijoer nees zeréck kommen.
Autres projets
La transition maison – foyer
Le projet a été porté par une éducatrice et les plus « grands » qui sont au foyer depuis leur tendre enfance afin de...
Voir le projet
Le planétarium d’Hélios
Par groupe de 8 enfants, pour deux groupes de 27 enfants de communauté enfantine et Maison des enfants (entre 2 et 4 ans). Ils...
Voir le projet
Élevage de grenouilles
Élevage de grenouilles Le projet est de découvrir le cycle de vie de la grenouille. Une manière d’explorer le monde en permettant aux enfants...
Voir le projet