Medienakademie: Mir grënnen eis eege Band
Wärend 3 Wochen am Summer konnte Kanner vun 9 – 12 Joer jeeweils 1 Woch an der Medienakademie matmaachen, déi dëst Joer ënnert dem Motto « Grënn deng eege Band » gelaf ass. Am Virfeld hu mir eng Ëmfro gemaach fir ze wësse wéi Kanner zum Thema Musek stinn, wéi eng Méiglechkeeten si notze fir Musek ze lauschteren, wéi ee Genre si lauschteren asw. Mir hunn och gefrot dass si eis ee Logo entwerfe well si esou vill wie méiglech selwer sollte maachen. Sie konnten sech no e puer musikalesche Kenneléierspiller den éischten Dag Moies an enger selwer gewielter Grupp zesumme setzen an hir Bandgeschicht entwéckelen. Wien mëscht gär eng Eegeproduktioun, wie wëll Karaoke sangen, oder Playback oder wien wëll just danzen. All Band huet u 6 Atelieren deelgeholl oder wéinstens getest. Just Dance: Hei konnte Kanner hier eege Choreographie maachen an sech zousätzlech iwwert Youtube oder Nintendo Switch « Just Dance » verschidde Moves bäibréngen. SingStar: Kanner konnte verschidde Karaokelidder sangen oder hier Lidder üben. Videodréi: Kanner konnten hiren eege Video passend bei hire Song dréinen an dono och mam iMovie selwer zesumme schneiden. Interview: Hei huet all Band sech virgestallt an ob verschidde Froe geäntwert, wou dono och fir Musekszeitung verschrëftlecht ginn ass. Tounstudio: Kanner konnten hei entweder hier eege Lidder maachen, Beat’s zesumme setzen, hier Lidder asangen oder ee Medley maachen. Fotoshooting: Kanner hunn hiren eege Fotoshooting gemaach a Musekscoveren erstallt, ausserdeem si Fotoe gemaach gi fir spéider an den Zeitungsartikel an Autogrammkaarten. All Joer ginn d’Resultater am Kino « LeParis » zu Beetebuerg fir Kanner an hier Famill gewise ginn. Déi Jore virdrun hunn d’Kanner d’Moderatioun iwwerholl mee dëst Kéier waren si am Mëttelpunkt a si sollten als « Stars und Sternchen » hiren Owend genéissen. Dat wor eis als Team immens wichteg well mir hinnen nach emol weise wollte wéi mir hier Aarbecht wäertschätzen. Des Virféierung wor eng Iwwerraschung well d’Präsentatioun ass ënnert dem Motto « Medienakademie Awards 2023 » gelaf. Wärend knapp zwou Stonne mat engem klenge Karaoke-Live Act dotëschent hunn si hier Produktiounen ob der grousser Leinwand gesinn. D’Kanner kruten zum Schluss eng Zeitung wou ob der enger Säit hire Cover ass an ob der anerer hiren Interview. An der Mëtt sinn Autogrammkaarte wou si vun hire Kolleegen ënnerschreiwe kënne loossen a ganz wichteg déi Kaart mam Qr-Code wou si hier Resultater och kënnen eroflueden. Dat allerschéinst wor zum Schluss ze gesi wéi houfreg a frou all Kand aus dem Kino gaangen ass.
Autres projets
L’inclusion en collaboration avec les familles
Nous souhaitons sensibiliser les enfants et leurs familles à l’intégration de la différence dès le plus jeune âge. A cet effet, nous nous intéressons...
Voir le projet
tablier à histoire
L’idée du projet a émergé à la suite de l’observation des enfants et l’analyse de leurs besoins et intérêts. J’ai constaté que certains enfants...
Voir le projet
ABC – Op der Sich no der Sprooch
In letzter Zeit ist ein großes Interesse an Schriftkultur bei den Kindern zu beobachten. Die Kinder werden immer öfter selbst zum Geschichtenerzähler (so tun...
Voir le projet