Lia – en Theaterstéck zum Thema Frëndschaft, Toleranz an Inklusioun
Eist Zil war et mam Theaterstéck “Lia” mat de Kanner eppes zum Thema “Inklusioun” ze maachen, de Message ze ginn, dass Jiddereen esou gutt ass, wéi en ass, dass keen ausgeschloss oder schlecht behandelt soll ginn, nëmme well en anescht ass an dass Wäerter wéi Respekt, Akzeptanz, Toleranz, Frëndschaft, an Hëllefsbereetschaft wichteg fir eis sinn.
Am Theaterstéck geet et ëm e Robotermeedchen – d’Lia -, deem seng Been duerch en Accident net méi funktionéieren an dat sech dowéinst just mat Hëllef vun engem Rollstull fortbeweege kann. Seng Famill wandert vu Schrottplaz zu Schrottplaz, well säin Papp déi richteg Stécker sicht, fir dem Lia seng Been ze flécken. D’Lia muss ganz oft d’Schoul wiesselen, gëtt awer do ëmmer ausgestouss an net léif behandelt vun deenen anere Roboterkanner. Bis hatt enges Daags an eng Klass kënnt wou alles anescht ass… An och wann d’Lia schlussendlech gefléckt gëtt, hunn seng nei Kolleegen hatt esou akzeptéiert wéi et ass an hunn him gehollef fir säin Dram – nees lafen a sprangen ze kënnen – ze verwierklechen.
Theaterstéck huet scho bestanen an ass geschriwwe gi vum Béatrice Lippert. Déi 3 Äkt vum Theaterstéck sinn astudéiert an opgefouert gi vun 3 ënnerschiddleche Gruppen aus dem SEA Kannercampus Belval an aus dem SEA Zolwer. Am Ganze stoungen 43 Kanner am Alter vu 6 bis 12 Joer op der Bün. Nach ganz vill aner Kanner hu gehollef Kostümer ze bastelen an Deko fir d’Bün ze maachen. D’Opféierung vum Theaterstéck war eng Kéier fir de grousse Publik, wou dunn och d’Eltere komme konnten, an eng Kéier just fir d’Kanner aus den SEA’en aus der Gemeng Suessem. De ganze Projet ass aus enger Iddi vun der Chancëgläichheetskommissioun an Diversitéit vun der Gemeng Suessem entstan, vun deene mir bei eisen Opféierungen och ënnerstëtzt goufen.
Autres projets
L’inclusion en collaboration avec les familles
Nous souhaitons sensibiliser les enfants et leurs familles à l’intégration de la différence dès le plus jeune âge. A cet effet, nous nous intéressons...
Voir le projet
tablier à histoire
L’idée du projet a émergé à la suite de l’observation des enfants et l’analyse de leurs besoins et intérêts. J’ai constaté que certains enfants...
Voir le projet
ABC – Op der Sich no der Sprooch
In letzter Zeit ist ein großes Interesse an Schriftkultur bei den Kindern zu beobachten. Die Kinder werden immer öfter selbst zum Geschichtenerzähler (so tun...
Voir le projet