Kiemelexpress
Scho laang wollten d’Kanner eng Plattform hunn, wou si hir Iddien, Interessen a Gedanken ausdrécken konnten. Sou ass d’Iddi vun enger Zeitung entstanen. Am Dezember 2021 ass déi éischt Editioun vum Kiemelexpress erauskomm. D’Kanner aus dem Cycle 4 hunn am Ufank aleng dru geschafft, och koumen si just onreegelméisseg zesummen fir ze schreiwen. Dat sinn insgesamt 10 Kanner. Mëttlerweil ass dorauser awer ee Projet fir de Cycle 2 Cycle 4 gin wou nach emol 70 Kanner kënnen matmaachen. Kënnt eng nei Ausgab raus, setzen sech déi interesséiert d’Kanner am Virfeld mat enger Educatrice zesummen a plangen a ganzen Zich wat alles an déi aktuell Editioun ra soll kommen. Dat sinn Witzer, Rätsele a Rezepter, mee wat awer méi wichteg ass, sinn d’Artikelen déi d’Kanner selwer schreiwen. Dat kann vun hiren Hobbyen, Aktivitéiten an der Maison Relais, awer och Saachen sinn déi si de Moment beschäftegen. D’Kanner schaffen lo reegelméisseg eng Stonn an der Woch un dësem Projet. Am Computersall maachen si hir Recherchen, schreiwen hir Artikelen a maachen zum Schluss de Layout. Déi pädagogesch Fachkraaft hellt just eng ënnerstëtzend Funktioun an hëlleft beim Verbesseren vun de Feeler a gëtt de Kanner nach deen een oder aneren Tipp, wou si nach no zousätzlechen Informatiounen kucken kënne. Sou entstinn all Joers 3 Ausgaben an eng Vakanzspezialeditioun déi zirka 100 Mol an der Maison Relais, an der Schoul an duecht d’Gemeng verdeelt gëtt. Wat immens flott ass, ass dat lo d’Kanner aus deenen 3 Cyclen zesummen un engem Projet schaffen. Déi Grouss ënnerstëtzen déi Kleng bei hirer Aarbecht, si hëllefen hinnen bei de Recherchen am Internet awer och bei Problemer bei der Textveraarbechtung. Am Moment plangt d’Redaktiounsteam un enger neier Rubrik an hirer Zeitung – Beruffer um Kiemel. Dobäi wëllen si mat de Persounen déi um Site schaffen a Kontakt trieden, a mat klengen Interviewen de Leit déi entspriechend Beruffer an Aktivitéiten méi no bréngen. De Projet Kiemelexpress ass lo ee festen Bestanddeel an eiser Institutioun a mer erhoffen eis dat d’Kanner eis Zeitung mat hiren Iddien weider wäerten erhalen.
Autres projets
Projet les droits de l’enfant
Les enfants ont décrit leur projet dans le document ajouté en pièce jointe. Chaque phrase, la mise en page et chaque photo, ont été...
Voir le projet
Défendre et promouvoir les droits de l’enfant
Les institutions de l’éducation non formelle jouent un rôle important dans la mise en œuvre des droits de l’enfant, ce qui est souligné par...
Voir le projet
Partager, c’est aimer
Les enfants ont réalisé de délicieux biscuits de Noël afin de les donner à leur entourage. Avec leurs éducatrices, ils ont été à la...
Voir le projet