Aller au contenu

Collatioun am Kannerrestaurant

Déi Kanner aus dem zweete Schouljoer (Cycle2) déi beim Projet matmaachen wollte konnten sech fräiwëlleg mellen. D’Zilgrupp vum Projet bestoung um Enn aus 8 Kanner am Alter vu 7 Joer. Am Ufank vum Projet stoung ee Brainstorming, bei deem d’Kanner d’Méiglechkeet haten Iddien vir ee Projet ze fannen. D’Kanner konnten dunn aus 10 Iddien vir jeeweils 3 Iddien ofstëmmen. De Projet Collatioun/Kannerrestaurant hat déi meeschte Stemme vun de Kanner kritt an gouf domadder als Projet ausgewielt. Doropshin goufen weider Iddie vir den Oflaf vum Projet gesammelt. D’Kanner wollte wärend dem Projet, de Sall dekoréieren an déi neidesch Dekoratioun dofir zesummen akafe goen, d’Collatioun virbereeden, verschidde Rezepter vir d’Collatioun kachen, op eng Excursioun an ee Restaurant goen an hier Elteren alueden an eng Collatioun vir si virbereeden. Ziel vir de Projet, no den SMART Krittären bestoung dorauser, dat d’Kanner hier Iddien a Virschléi an de Projet abaue kennen. Datt se duerch d’preparéieren vun de Friichten de sécheren Ëmgang mat engem Messer léiere kennen. D’Kanner sollen d’Hygiène Reegelen am Ëmgang mat Liewensmëttel kennen an 3 verschidde Forme vun der Iessengestaltung kenne léieren (Buffet, Service a Pick-Nick).Des Weidere kennen d’Kanner zwee Rezepter kenne leieren an deem si wärend 6 Wochen ëmmer 2 mol d’Woch Collatioun virbereeden. Um Enn vum Projet kennen d’Kanner hier Erfarungen hiren Eltere wärend enger gemeinsamer Collatioun, déi d’Kanner preparéiert hu, virstellen. Wärend der Excursioun kennen d’Kanner hier Fäegkeete verdéiwen andeem se Experte vum Fach treffen an sech een Abléck vum Terrain verschafen. De Projet war ganz dynamesch gestalt soudatt d’Kanner och wärend dem Projet och ëmmer hir eegen Iddien abaue konnten an hiert eegent Verhalen oder den Oflaf zesumme reflektéiere konnten. De Projet huet sech och deelweis aneschters entwéckelt wéi geplangt, well de Kach vun der Maison Relais och vum Projet Wand krut an d’Kanner ënnerstëtzt huet an no hire Wënsch vir Uebst oder aner Liewensmëttel vir d’Collatioun gefrot huet. Den Ausfluch an ee Restaurant konnt leider aus hygieenesche Grënn net stattfanne mee et war dunn ee Kach an d’Maison Relais komm vir mat de Kanner ze kachen. D’Highlights vun dem Projet, no Feedback vun de Kanner, waren: De Besuch vum Kach, d’gemeinschaftlecht Akafe vun Dekoratioun an engem Supermarché, d’Ofschlossiesse mat den Elteren, an d’Gefill eppes vir déi aner Kanner ze preparéieren an unzebidden. Fir mech als Erzéier war d’Highlight dat d’Kanner wärend an och no dem Projet, trotz villen Meenungsdifferenzen, zu enger Grupp zesumme gewuess sinn.

Autres projets

Fairtrade an eng gesond Ernärung
Ma santé

Fairtrade an eng gesond Ernärung

Projet: Fairtrade & gesond Ernährung – In den zwei Wochen kommen externe Experten von Fairtrade.lu, die verschiedene Workshops für Cycle 3-4 (Anzahl 15K., Alter...

Voir le projet
Die Autopsie des Hans Hänschen
Ma santé

Die Autopsie des Hans Hänschen

Die Autopsie des Hans Hänschen In diesem ambitionierten Projekt entschied sich Hans Hänschens Team dazu, ein lebensgroßes Skelett zu erschaffen und ihm den liebevollen...

Voir le projet
La psychomotricité globale des Marins
Ma santé

La psychomotricité globale des Marins

Le projet que nous allons vous présenter est un projet qui nous ressemble. C’est un projet en lien avec le mouvement, plus précisément la...

Voir le projet

Contactez nous !

Vous avez des questions relatives à votre candidature ou souhaitez avoir plus de précisions sur le choix de l’équipe ou de la catégorie de votre projet, alors n’hésitez pas à nous contacter par mail :