Be a hero
An dësem Projet ass et em Gefiller vun de Kanner a vun de Mënsche ronderëm eis gaang. All Gefiller si normal a sollen och gehéiert a respektéiert gi. Dëst ass net ëmmer méiglech wat och normal ass well mir eis net ëmmer kënnen an d’Haut vun enger anerer Persoun versetzen. Mat dësem Projet soll d’Emphatie vun de Kanner ugereegt gi. Gefiller begleeden eis dat ganz Liewen a bestëmmen och eist Liewen. Kanner kruten verschidden Methode bäibruecht wéi si kënne mat de verschiddenen Emotiounen ëmgoen a wei si déi kënnen ausdrécken. Well wann se Erwuessen sinn solle si hir Gefiller beherrsche kënnen an dat geet wann se schonn am Kandsalter eng gutt emotional Entwécklung hunn. Mir hunn iwwert déi verschidden « Gefillsfamilien » geschwat (Freet, Trauer, Roserei, Angscht an Suergen) an och Aktivitéiten zu dem Thema gehat wéi zum Beispill: Rollespiller oder sportlech a kreativ Aktivitéiten. Am ganzen ass de Projet 7 Woche gelaf. An all Woch hu mir eng Gefillsfamill diskutéiert an och dozou Aktivitéite gehat. Matgemaach hunn 16 Kanner am Alter vun 8-12 Joer. Beim Thema Angscht hu mir verschidden Aktivitéite gemaach: 1. Wei sech Angscht ufillt: Wei fillt sech Angscht un a wou fillen ech se ? Mir hunn eng grouss Skizze vun enger Kierperform op Flipcharts gemoolt. Hei solle d’Kanner drop mole mat verschiddenen Faarwe wou een Angscht spiere kann an donieft opschreiwe wat si un der Plaz da spieren oder wat am Kierper passéiert. 2. Gedankenexperiment: Wat wier wann et keng Angscht géif op der Welt gi. Stell dir vir, keen hätt Angscht virun näischt. Wat géif passéieren ? Dëst ass eng Diskussiounsronn! 3. All Kand kann elo vir sech selwer ee Këssen gestalten mat den Emotiounen drop wou si empfannen. Sie kennen dësen Këssen mat heem huelen an zum Beispill draschloen wann se rose sinn oder dra kräischen wann se traureg sinn. Beim Thema Freed hu mir dës Aktivitéite gemaach: Kompliment Stull: Kanner maachen ee Krees mat engem Stull an der Mëtt an et soll sech ee Kand drop setzen. All déi Kanner ronderëm sollen elo Komplimenter zu dem Kand soen. Frendlechkeetsstrooss: Kanner stellen sech géigeniwwer an 2 Reien op. Et muss ee Kand zwëschent dësen 2 Reien duerchgoen an déi Kanner ronderëm maachen dësem Kand ee frëndlech Ausso , ëmaarmen oder op Schëller klappe geet och. Glécksinsel: Kanner kréien eng Virlag vun enger Insel op där si mole solle wat hinne Freed bereet am Liewe. Zum Schluss vun eisem Projet hu mir eng Erënnerungspinnwand vir am Gank erstallt.
Autres projets
Anyone can DJ
L’association Luxembourgeoise pour le Dialogue Interculturel (ALDIC) est ravie d’annoncer le succès du projet Anyone Can DJ, un projet réalisé avec le soutien de...
View project
Steekauzen News
Eng Noriichtesendung vun de Kanner fir d’Kanner, fir de Kanner déi digital Medien an de Journalismus méi no ze bréngen. Zesummen hunn 25 Kanner...
View project
Ich & Du! Wir gehören dazu!
Wir würden gemeinsam mit den Kindern ein interkulturelles Fest organisieren, bei dem die Kinder ihren Eltern und anderen Kindern das Projekt vorstellen können. Die...
View project