Aller au contenu

Projet Nala

Den klengen Léiw Nala geet op d’Rees, an zwar bei seng Frënn, d’Kanner vun der Crèche Spillwollek. Ëmmer mat dobäi, dem Nala säin Frëndschaftsbuch an deem si alles veréiwegen kënnen, wat si zesummen erlieft hunn. An der Crèche bilden sech déi éischt sozial Kontakter a Frëndschaften mat anere Kanner. D’Frëndschaften spillen eng wichteg Roll an der Entwécklung vun Kanner. Duerch Frëndschaften léieren Kanner sech an anerer eran ze versetzen, Konflikter ze léisen an och emotional Ënnerstëtzung unzebidden. Frëndschaften bilden een Fundament fir sozial Kompetenzen déi liewenslaang wichteg sinn. Doduerch gëtt dat Gefill vun Zougehöregkeet, Sécherheet gefërdert an d’Selbstbewosstsinn an déi emotional Entwécklung gestäerkt. D’Nala verbënnt d’Crèche mam Alldag doheem an hëlleft den Kanner dobäi, hir Frënn nach besser kennen ze leieren an sech selwer an hir Famill ze präsentéieren. Esou gëtt d’Identitéitsentwécklung vun den Kanner gefërdert an si huelen hir soziaalt Ëmfeld besser wouer, vue dass d’Kanner erkennen dass hir Frënn och een Liewen ausserhalb vun der Crèche hunn. An d’Elterenaarbecht gëtt doduerch och gestäerkt, well mir all zesummen schaffen. Am Nala sengem Frëndschaftsbuch dierf fräi an ganz kreativ den Alldag vum Kand duergestallt ginn, sief et duerch Fotoen, Beschreiwungen oder duerch selwer gemoolten Biller. Jiddereen dierf seng Zeit mam Nala esou dokumentéieren wéi hien et fir richteg empfënnt. An esou wandert Nala lues an lues an all Famill vun der Crèche an erlieft all Dag nei Abenteuer.
Insgesamt hunn 6 Kanner am Alter vun 12-18 Méint mat gemaach.

Autres projets

L’inclusion en collaboration avec les familles
Mon identité

L’inclusion en collaboration avec les familles

Nous souhaitons sensibiliser les enfants et leurs familles à l’intégration de la différence dès le plus jeune âge. A cet effet, nous nous intéressons...

Voir le projet
tablier à histoire
Mon identité

tablier à histoire

L’idée du projet a émergé à la suite de l’observation des enfants et l’analyse de leurs besoins et intérêts. J’ai constaté que certains enfants...

Voir le projet
ABC – Op der Sich no der Sprooch
Mon identité

ABC – Op der Sich no der Sprooch

In letzter Zeit ist ein großes Interesse an Schriftkultur bei den Kindern zu beobachten. Die Kinder werden immer öfter selbst zum Geschichtenerzähler (so tun...

Voir le projet

Contactez nous !

Vous avez des questions relatives à votre candidature ou souhaitez avoir plus de précisions sur le choix de l’équipe ou de la catégorie de votre projet, alors n’hésitez pas à nous contacter par mail :