Aller au contenu

Kannermenü

Op enger Hospitatioun hunn eis pädagogesch Fachkräft Beispiller gesinn, wou d’Kanner mat bei der Menügestaltung konnten deelhuelen. Doraus hunn mir d’Iddie mat an eis d’Haus geholl, fir och méi op d’Partizipatioun an Opklärung am Bezuch op d’Iesssituatiounen an ze goen. Mir hunn den 01/02/2023 mat dem Projet Kannermenü zu Wëntger gestart. Bis den Juli 2023 war den Projet just fir den Cycle 1 bis 4, zanter September 2023 ass och den Précoce mat dobäi. All Cycle huet sech Gedanken gemeet wéi mir dëst Thema mat den Kanner uginn, wéi mir si sensibiliséieren, wat wichteg ass beim Eraussichen vum Menü an fir den Projet ze starten goufen dem Alter ugepasst Aktivitéiten dozou gemaach: Quiz, Ernährungspyramide, Kimspiller mat Statiounen, .. . Natierlech huet och missten een Logo hier fir d’Menü ze kennzeechnen, also hunn d’Kanner aus dem Cycle 2-4 een Logo entworf. Mëttlerweil gëtt et all Mëttwoch e Kannermenü. Dëst gëtt ofwiesselend vum Précoce, Cycle 1 an dem Cycle 2-4 decidéiert. Dat sinn 80 Kanner Den Kanner gëtt erkläert, dass et pro Woch verschidden Kategorien vum Iessen soll ginn (1x Fësch; 1-2x Vegetaresch; 1x Gefligel; 2x Fleesch; 2x Dessert; max. all 14 Deeg eppes fritéiertes..). Deemno hunn d’Kanner och fir hier Woch een entspriechenden Kader, aus dem si d’Menü kënnen zesummen setzen. D’Kanner kréien verschidden reell Biller gewisen fir iwwert d’Menü ofzestëmmen: – Beim Précoce an dem Cycle 1 visualiséieren mir d’Ofstëmmung duerch Legosstécker, déi als Tierm opgebaut ginn. Den héichsten Tuerm huet gewonn. – Beim Cycle 2-4 gëtt iwwer Diskussiounen an mat Stréchlëschten ofgestëmmt (10Kanner) Den fäerdegen Menü gëtt op engem Blat notéiert oder opgemoolt an d’Kanner bréngen den Menü selwer an d’Kichen fir dëst den Käch matzedeelen. All Mëttwochs gëtt den Kannermenü op enger extra Tafel ausgestallt, soudass jiddereen gesinn kann wat et haut gëtt. Och um Internetsite ass den Kannermenü gekennzeechent. Den Kannermenü gëtt an Kooperatioun mat eisen Käch, der Infirmière, den Kanner an den pädagogeschen Fachkräft gemaach. D’Kanner sinn all Woch ganz houfereg fir den Menü. Den Projet Kannermenü ass lo well e festen Bestanddeel an eiser Maison Relais.

Autres projets

Fairtrade an eng gesond Ernärung
Ma santé

Fairtrade an eng gesond Ernärung

Projet: Fairtrade & gesond Ernährung – In den zwei Wochen kommen externe Experten von Fairtrade.lu, die verschiedene Workshops für Cycle 3-4 (Anzahl 15K., Alter...

Voir le projet
Collatioun am Kannerrestaurant
Ma santé

Collatioun am Kannerrestaurant

Déi Kanner aus dem zweete Schouljoer (Cycle2) déi beim Projet matmaachen wollte konnten sech fräiwëlleg mellen. D’Zilgrupp vum Projet bestoung um Enn aus 8...

Voir le projet
Die Autopsie des Hans Hänschen
Ma santé

Die Autopsie des Hans Hänschen

Die Autopsie des Hans Hänschen In diesem ambitionierten Projekt entschied sich Hans Hänschens Team dazu, ein lebensgroßes Skelett zu erschaffen und ihm den liebevollen...

Voir le projet

Contactez nous !

Vous avez des questions relatives à votre candidature ou souhaitez avoir plus de précisions sur le choix de l’équipe ou de la catégorie de votre projet, alors n’hésitez pas à nous contacter par mail :