Zeechensprooch matt kanner vun 1-2 Joer
Op enger Formatioun hunn mir iwwert babyzeechensprooch déi éischten Kéier héieren, an mir hunn dat immens flott fonnt an hunn eis mol schlau gemaach an sinn liesen gaang. Mir hunn gelies dass en Kléngkand vun 6 Méint sech schonn unhand vun Zeechesprooch kann matdeelen. Mir hunn dat sou flott fonnt dass mir dat agefouert hunn. Als éischt hunn mir eis eng extra Formatioun ausgewielt wou mer verschidden Zeechen geleiert hunn. Mir hunn dunn mol d’Grondbedierfnesser wéi iessen, drénken, schlofen ausgesicht déi mir matt 14 Kanner (1-2 Joer) maachen. Dann hunn mir eng Eltereversammlung gemaach fir dëst den Elteren ze erklären an ze froen fir matt eis ze schaffen an dass si et och doheem maachen. Mir hunn hinnen dofir en klengt Buch gemaach, matt den Biller vun den Zeechen. An eisem Sall hänken och all d’Biller, fir dass och all Remplaçantë an Stagiairen se gesäit. Et geet drëms eng Aktioun matt Wuert ze benennen an Zeechen ze verbannen, zum Beispill : iessen , wann mir soen mir ginn lo iessen maachen mir d’Hand bei den Mond an si kréien dann iessen. Am Unfank hunn mir just sou 3 Wierder: iessen, drénken an schlofen, fir d’Kanner och net ze iwwerfuerderen fänken mir lues un an matt der Zeit huelen mer ëmmer Wierder bei. Wichteg ass dass déi ganz Equipe déi selwecht Zeechen fir déi selwecht Wierder benotzt. An och dass d‘Elteren et matt den Kanner maachen. Wat sinn Zieler dovun? Kanner sollen hir Bedürfnisser besser kënnen matdeelen, egal wéi eng Mammesprooch si hunn, wéi schnell si schwätzen léieren an wéi si sech trauen. Mir Erzéier sollen d’Bedürfnisser vun den Kanner besser verstoen kënnen, wann d’Kanner eis weisen kënnen wat si brauchen ouni dass se schwätzen kënnen hëlleft dat eis si besser ze verstoen. Den Alldag matt engem Kléngkand vereinfachen an déi gemeinsam Kommunikatioun stäerken, verbesseren. Wei huet Zeechesprooch gewierkt? Eis ass opgefall, dass Kanner déi Zeechen zimmlech schnell verstan hunn an och benotzt hunn. Beispill: No 2 Méint gesinn mer déi éischt Kanner dëst Zeechen schonn ze benotzen. Een Kand L.( 1 Joer) huet an der Kutsch wei mer spadséieren waren ganz kloer d’Hand bei den Mond gemaach, déi selwecht Beweegung wéi mir, an huet „namm namm“ derbäi gesot . Dann hunn mer gemierkt dass d’Kanner méi Selbstvertrauen opgebaut hunn, si iessen an drénken vill méi well si eis besser kënnen matdeelen wat si grad brauchen. Kanner benotzen Sprooch och ënnert sech, Sproochebarrière ass keng do well si Zeechen benotzen. Sie léieren och schnell Wierder derbäi schwätzen, an kënnen sech ënnertenee matdeelen. Mir hunn och d’Gefill dass Kanner méi ausgeglach sinn, si sinn roueg, kräischen net vill an och ënnert sech ganz hëllefsbereet an kommunikativ. Fir eis huet et den Alldag vereinfacht well mir ver
Autres projets
L’inclusion en collaboration avec les familles
Nous souhaitons sensibiliser les enfants et leurs familles à l’intégration de la différence dès le plus jeune âge. A cet effet, nous nous intéressons...
Voir le projet
tablier à histoire
L’idée du projet a émergé à la suite de l’observation des enfants et l’analyse de leurs besoins et intérêts. J’ai constaté que certains enfants...
Voir le projet
ABC – Op der Sich no der Sprooch
In letzter Zeit ist ein großes Interesse an Schriftkultur bei den Kindern zu beobachten. Die Kinder werden immer öfter selbst zum Geschichtenerzähler (so tun...
Voir le projet