Upcycling Roboter bauen
Kanner hunn doheem mat den Elteren Recycling Material gesammelt fir een Roboter domat ze bauen. Material ass an der Maison Relais opgestallt ginn. Kanner konnten sech un Fotoen vun Roboteren, déi op enger Magnéittafel houngen, Andréck sammelen an selwer mat hiren Iddien kommen. Doropshin konnten si mam gesammelten Material een Roboter no hiren Virstellungen bauen. Kanner waren fräi an hiren Iddien an hunn hir Iddien mat den Frënn ausgetosch. Si konnten sech géigesäiteg hëllefen an hunn probéiert mat der Peschpistoul selwer ze pechen. D’Kanner haten immens vill Freed um Projet. D’Maison Relais huet d’Roboter an hiren Fënsteren an am Gank ausgestallt. Duerno konnten all d’Kanner hiren Roboter mat heem huelen. Kanner waren immens frou an haten immens vill Freed den Roboter mat heem ze huelen an en och doheem opzestellen. Dësen Projet ass am Januar 2024 op t’Been gestallt ginn an ass iwwer 4 Wochen mat 30 Kanner am Alter vun 3-6 Joer gelaf. D’Iddi koum ursprénglech vun 2 Jongen, déi de Wonsch haten en Roboter ze bauen.
Autres projets
La transition maison – foyer
Le projet a été porté par une éducatrice et les plus « grands » qui sont au foyer depuis leur tendre enfance afin de...
Voir le projet
Le planétarium d’Hélios
Par groupe de 8 enfants, pour deux groupes de 27 enfants de communauté enfantine et Maison des enfants (entre 2 et 4 ans). Ils...
Voir le projet
Élevage de grenouilles
Élevage de grenouilles Le projet est de découvrir le cycle de vie de la grenouille. Une manière d’explorer le monde en permettant aux enfants...
Voir le projet