Liewenszyklus
Vum Ee zum Jippelchen, Kanner wollten wëssen wei dat genee fonctionéiert. Doropshin huet eisen léiwen Buergemeeschter, deen selwer Hénger hält, sech bereet erkläert eis säin Inkubator an 18 vun sengen frësch gelueten Eeër Ugangs Juni laanscht ze bréngen. D’Kanner kruten erkläert wéi den Apparat fonctionéiert an wéi een dat mam Thermometer an der Wasserfiichtegkeet muss déi nächst 3 Wochen am Ae halen. Déi éischt Deeg duerften se d’Eeër nach net dréinen, mee dunn ass et no enger Woch interessant ginn, mir hunn d’Eeër duerchliicht an lues an lues konnt een déi kleng Oderen gesinn wou een dunn wosst op en Jippelchen dran wiisst. Dono hunn d’Kanner d’Eeër an verschiddenen Ofstänn missen dréinen. No knapp 20 Deeg huet een dat éischt piipsen héieren, obwuel d’Schuelen nach zou waren, wann Kanner gepaff hunn kruten se duerch Schuel geäntwert. Am Laf vum Dag sinn déi éischt Eeër ugepickt ginn. An iwwert 2 Deeg sinn no an no aus 14 vun 18 Eeër wou mer ageluet haten Jippelcher op d’Welt komm. Kanner waren begeeschtert. Mee wei Natur et nun mol esou well waren se net all staark genuch fir ze iwwerliewen, an esou sinn 3 Jippelcher an der éischter Woch gestuerwen. Kanner hunn hinnen kleng Këschten schéin bemoolt an sech dunn och mat engem net sou schéinen Thema auserneegesat, an verstanen dass dëst nun mol och en Deel vum Liewen ass. Gutt 2 Méint hunn d’Jippelcher bei eis an der Stuff verbruet bis se bei AMIAVY an den Bongert geplënnert sinn, an dono an hirt fir ëmmer Doheem bei eng léif Madamm déi se all zesummen geholl huet, an wou se net am Kachdëppen landen. Eng flott Erfahrung fir Grouss an Kleng.
6 Kanner am Alter tëscht 6 an 11 Joer hunn deelgeholl.
Autres projets
La transition maison – foyer
Le projet a été porté par une éducatrice et les plus « grands » qui sont au foyer depuis leur tendre enfance afin de...
Voir le projet
Le planétarium d’Hélios
Par groupe de 8 enfants, pour deux groupes de 27 enfants de communauté enfantine et Maison des enfants (entre 2 et 4 ans). Ils...
Voir le projet
Élevage de grenouilles
Élevage de grenouilles Le projet est de découvrir le cycle de vie de la grenouille. Une manière d’explorer le monde en permettant aux enfants...
Voir le projet