Mär planzen eng Sonnenblumm
D’Educatricen vum Grupp „Sonneblummen“ wollten en flotten Projet iwwert eng Sonneblumm mat de Kanner man an weisen wat d’Natur alles kann. Als Introduktioun gëtt 15 Kanner (2-4 Joer) d’Geschicht vum „De Sam séit eng Sonneblumm“ erzielt, hei gëtt erkläert wat een genau muss maachen fir dass eng Planz entsteet. Unhand vun de Biller aus dem Buch hunn mer de Kanner probéiert de Prozess vum Somkär bis zur Blumm ze erklären. Des Geschicht gouf och kopéiert an an de Sall op eng Magnéitwand gehaangen, sou dass d’Kanner zu all Moment konnten d’Geschicht nach eemol kucken. Puer Deeg drop hunn mer de Kanner 2 Zorten Sonneblummekären matbruecht, déi eng hunn mer benotzt fir ze schmaachen. Déi aner konnten d’Kanner an hiert Blummendëppen aplanzen. Wärend eisem Moieskreess hunn mer dann regelméisseg mat de Kanner beschwat, wat een aktuell beobachten kann, ob d’Planz deen Moment Waasser brauch, ob se gewuess ass an wat fir Faarwen een gesäit. Mat de Sonneblummenkären hunn mer dann och puer Deeg drop Deeg gemaach an Bréidercher gebak. Hei konnten d’Kanner hëllefen den Deeg ze mëschen an hiert Brout ze formen. Een aneren Dag haten d’Kanner dann och d’Méiglechkeet eng Sonneblumm ze bastelen. D’Kanner konnten hei unhand vun engem Bild nach eemol kucken, wéi eng Sonneblumm ausgesäit an konnten dann Blieder faarweg molen an déi Stécker zesummepechen, déi d’Educatricen fir si erausgeschnidden haten (d’Kanner waren nach ze kleng fir ze schneiden). Dann konnten d’Kanner nach Sonneblummekären an d’Mëtt vun der Sonneblumm pechen. Op der Mammendagsfeier konnten d’Kanner hiren Mammen dann hier selwer geplanzte Sonneblumm schenken (dëst gouf och laang de Kanner am Muereskrees erkläert). D’Kanner konnten villes heibäi léieren, zum Beispill, lauter nei Andréck, wéi eng Planz kann entstoen, si konnten hier Sproch fuerderen, genausou wéi hiren Taaschtsënn, Geschmaachsënn an hier Feinmotorik. Si konnten och hie Phantasie benotzen an leieren aneren Leit eng Freed ze maachen.
Autres projets
La transition maison – foyer
Le projet a été porté par une éducatrice et les plus « grands » qui sont au foyer depuis leur tendre enfance afin de...
Voir le projet
Le planétarium d’Hélios
Par groupe de 8 enfants, pour deux groupes de 27 enfants de communauté enfantine et Maison des enfants (entre 2 et 4 ans). Ils...
Voir le projet
Élevage de grenouilles
Élevage de grenouilles Le projet est de découvrir le cycle de vie de la grenouille. Une manière d’explorer le monde en permettant aux enfants...
Voir le projet